Eis Baueren:

Op Besuch zu Branebuerg

Victor Jungels

De Victor Jungels ass Berufsbeienziichter an der 2. Generatioun zu Branebuerg. Virdrunner haten seng Eltere Margot a Paul vun engem Bauerebetrib op eng Beienziichterei ëmgestallt. Och haut nach hëllefen si dem Victor am klenge Familljebetrib. Apiculture Jungels betreit mëttlerweil 200 bis 220 Beievëlker, verdeelt op 25 Plazen, woubäi déi meescht am Naturpark Our leien. Zesumme mat de 400 Vëlker op der Zuuchtstatioun ginn dat am Summer iwwert 15 Millioune Beien no deene gekuckt muss ginn.

All d’Produite vum Beienziichter ginn zu Branebuerg verschafft an direkt un de Client verkaf. “Sou kënne mir eng héich Qualitéit garantéieren an den ökologesche Foussofdrock kleng halen,” erkläert de Vic Jungels. Hunneg ass och net gläich Hunneg. D’Gamme bei Apiculture Jungels ass ganz breet: Fréijoershunneg, Bettseecheschhunneg, Summerhunneg, Lannenhunneg, Bëschhunneg, Propolishunneg, Nësshunneg a Wanterhunneg. Wéinst sengem kräftege Goût huet de Victor Jungels iwweregens de Bëschhunneg am léifsten. Donieft fënnt een bei Apiculture Jungels och Pollen, Hunnegdrëpp, Met (Hunnegwäin), Miwwelwichs, Käerzen a Propolis.

De Kontakt mam Konsument ass fir de Beienziichter immens wichteg: “Hunneg huet e gewësse Präis. Mir brauchen deen och fir als klenge Betrib kënnen z’iwwerliewen. Am Gespréich mam Client kann een och einfach erkläre firwat den Hunneg dat kascht wat e kascht. D’Vertrauen tëschent dem Produzent an dem Konsument ass am Fong duerch näischt ze ersetzen.” Dir kënnt d’Produite vun Apiculture Jungels op Letzshop bestellen oder op Rendez-vous an de klenge Buttek op Branebuerg laanschtgoen. De Victor Jungels ass awer op verschidde Mäert ze fannen: zu Dikrech, zu Ettelbréck, zu Iechternach, um Helpermaart, um Lëtzebuerger Week-End zu Miedernach an och samschdes moies um Stater Maart um Knuedler.

Firwat regional a saisonal akafen?

Et ass wichteg, datt een dem Produzent vertraue kann. Nëmmen esou huet een d’Garantie, datt och dat dran ass wat drop steet!

Weider Produzenten

entdecken