Eis Baueren:

Op Besuch zu Conter

Jean-Claude Muller

Am Summer steet de Jean-Claude Muller scho bei Sonnenopgang mat senge Mataarbechter um Feld an nätzt d’Uebst an d’Geméis, ier d’Hëtzt kënnt. Äerdbier, Kiischten, Mirabellen, Äppel, Quidden … D’Uebstsortiment vum Haff „An Eim Néckels“ zu Contern ass breet gefächert. Dat gëllt och fir d’Geméis: Gromperen, Zalot, Kabes, Muerten, Ënnen, rout Rommelen … D’Planze ginn op Schädlingen ënnersicht an et gëtt och soss gutt no hinne gekuckt. Wat zeideg ass, gëtt erageholl.

Am Wanter bereeden de Jean-Claude Muller a seng Fra Annick déi ageluechte Wuer, wéi d’Gromperen zum Beispill, fir de Verkaf vir. D’Produktioun vum Haff gëtt zu 100 % zu Lëtzebuerg verkaaft. Verschidden Uebstzorte ginn an der eegener Brennerei zu Spirituosen destilléiert.

Firwat léiwer regional akafen?

Äerdbier, dat zum Beispill a Spuenie gezillt gëtt, gëtt gepléckt, ier et ganz zeideg ass. D’Bilanz vun den Inhaltsstoffer ass aus deem Grond méi schlecht wéi bei Liewensmëttelen aus der Regioun. Hei kann een nämlech waarden, bis d’Friichten zeideg sinn, well d’Wuer net nach honnerte vu Kilometer bei de Client muss transportéiert ginn. „Dat mécht och am Goût en enormen Ënnerscheed“, seet de Jean-Claude Muller.

En ass sech och der sozialer Komponent bei der lokaler Produktioun bewosst: „Mënschen, déi enger manueller Aarbecht wëllen nogoen, fannen esou och an der Heemecht eng Aarbechtsplaz. Wat soss zu Lëtzebuerg net esou einfach ass.“

Liewensmëttelen, déi aus der Regioun kommen, suergen och fir eng gewëssen Onofhängegkeet an der Liewensmëttelversuergung. Eng Tatsaach, déi d’Corona-Kris verdäitlecht huet. „Eenheemesch Produktioun bréngt Sécherheet. Sollte Grenzen zougoen an Importliwwerungen ausbleiwen, ka si d’Versuergung fir eng, zwou Woche garantéieren“, seet de Jean-Claude Muller.

Regionaalt Uebst a Geméis gëtt eréischt gepléckt resp. vum Feld geholl, wann et zeideg ass. Dann ass säi Gehalt u Vitaminnen, Mineralien a sekundäre Planzestoffer optimal.

Weider Produzenten

entdecken