Eis Baueren:

Op Besuch zu Iewerleng

Gil an Tom Kleer

De Familljebetrib “Biohaff Kleer” zu Iewerleng ass breet opgestallt. Véier verschidde Standbeen hunn et dem Betrib, deen 2001 op Bio ëmgeklommen ass, erlaabt sech déi lescht Joer weiderzëentwéckelen. Niewent dem Akerbau an der Mammekéihaltung sinn et awer besonnesch de Geméisbau an d’Eeër, déi haut am meeschten an d’Gewiicht falen.

“De Virdeel, wann een esou breet opgestallt ass, ass datt wann een Deel net gutt geet, en aneren Deel dat opfänke kann!” erkläert de Gil Kleer. De Mario Kleer ass zwar nach de Betribschef, mä et ass geplangt, datt säi Fils, de Gil, de Betrib d’nächst Joer iwwerhëlt. De Gil huet säi Studium zu Bingen als Agraringenieur schonns an der Täsch, säi Brudder den Tom ass domadder nach zu Bonn am gaangen. 

Béid Bouwe schaffe schonn zanter Joren um Haff a si prett d’Relève vum Familljebetrib ze iwwerhuelen. Besonnesch de Geméisbau huet sech déi lescht Joerzéngte vergréissert. Um Biohaff Kleer hu se mat 40 Ar ugefaangen, woubäi haut op 23 Hektar Poretten, wäissen a roude Kabes, Zellerie a Gromperen ugeplanzt ginn.

D’Famill Kleer huet och Zalote produzéiert, mä well d’Recolte dëst Joer näischt ginn ass, well et akut u Waasser gefeelt huet, wäert een d’nächst Joer op dës Geméiszort verzichten. Dofir sinn d’Kären, wéi de Broutweess dëst Joer gutt gaangen. Vermaartung vun de Bio-Eeër geschitt iwwer Bio-OVO. D’Nofro no Bio-Eeër bleift héich, esou datt geplangt ass d’Quantitéit vun den 2000 Legehennen déi nächst Joer ze verduebelen.

Komplettéiert gëtt dat Ganzt duerch den Akerbau an d’Hale vun enger 60 Mammekéi. Hiert Fleesch gëtt vum IVLB (Interessegemeinschaft Vermaartung Lëtzebuerger Biofleesch a.s.b.l.) vermaart. De Bio ass fir d’Famill Kleer ganz wichteg: “Ech wëll dem Client herno kënnen an d’Ae kucke mat der Iwwerzeegung, datt ech him e gesonden an nohaltege Produit kann ubidden” erkläert de Gil Kleer.

Nohalteg schaffen och d’Maison relaisen aus den Nopeschgemengen, déi Produite vum Biohaff akafen. Awer och Restopolis, mat hirem Programm “food4future”dréit derzou bäi, datt ëmmer méi Lëtzebuergesch Bioproduite fir eis Kantinne gebraucht ginn. Um Biohaff Kleer schätzt een, datt si duerch dëse Programm dräi mol méi Biogeméis verkaf hunn.

“D’Biolandwirtschaft ass aarbechts- a waasserintensiv, besonnesch de Geméisbau, mä mir kucken optimistesch an d’Zukunft”, ergänzt den Tom Kleer.

Firwat regional a saisonal akafen?

Regional produzéiert Bioproduiten hunn e positiven Effekt op d’Natur, de Mënsch an d’Drénkwaasser. Ënnerstëtzt een d’Biolandwirtschaft, mécht een eppes fir d’Allgemengheet.

Weider Produzenten

entdecken