Eis Baueren:

Op Besuch zu Glabech

Jeff Diderrich

Schon op der Uni huet de Jeff Diderrich sech Gedanke gemaach, wéi hien de Mëllechvéibetrib doheem zu Glabech kéint diversifizéieren. D’Iddi ass him du komm, fir Champignonen ze ziichten. Op déi Manéier konnten déi al Gebaier um 250 Joer alen Haff, déi scho säit Jorzéngten eidel stoungen, revaloriséiert ginn. 

 
Champs vu Glabech
Jeff Diderrich

„Mir wor et wichteg, och direkt d’Vermaartung vun de Champignone selwer an d’Hand ze huelen. Op déi Manéier hunn ech de Client direkt kenne geléiert“, seet de Jeff Diderrich. 2020 huet hien seng éischt Recolte op de Maart bruecht, matzen an der Corona-Pandemie - enger Zäit, an där d’Leit méi Wäert op lokal produzéiert Liewensmëttel geluecht hunn. „Deen Intérêt huet an Tëschenzäit rëm ofgeholl“, stellt de Jeff Diderrich fest.

 

Hie bitt seng „Champs vu Glabech“ vu September bis Enn Juni un, am Juli an August ass et fir d’Produktioun ze waarm an de Gebaier. Verkaf gi se direkt u Restauranten an der Regioun, u Schoulkantinnen an e groussen Deel u Privatleit, déi se op den Haff siche kommen. Zousätzlech ginn d’Champignonen a ronn 12 Haffbutteker vu Bauerekolleege verkaf.

Firwat regional a saisonal akafen?

Do si mol fir d’éischt déi kuerz Weeër wichteg. An d’Cliente wëssen, wou de Produit hierkënnt. Mir mussen a kënne si mat der Qualitéit vun de Liewensmëttel vun heiheem iwwerzeegen. De Feedback, deen ech vu menge Cliente kréien, ass positiv. Meng Champignonen hunn eng besser Qualitéit. Wat bei menger Produktiounsweis och normal ass. An der EU ass Polen dee gréisste Produzent, déi hu riseg Halen wou Tonnen am Dag recoltéiert ginn. Déi Champignonen hunn eng aner Konsistenz wéi meng, well meng méi laang brauche fir ze wuessen. Dofir kommen d’Leit och zréck. Sou eng Produktioun wéi meng ass natierlech méi deier, a fir déi Sue muss een dem Client dann och eng besser Qualitéit bidden!

Weider Produzenten

entdecken